Pergolaen
Am Summer d’Wunnzëmmer einfach no bausse verleeën – e Wonsch, deen engem erfëllt get mat enger Pergola. Si bitt Schutz viru Sonn a Reen a schaaft eng stilvoll Iwwerdaachung fir d’Terrass oder de Gaart. Robust Materialer an innovativ Konstruktioune garantéieren eng laang Liewensdauer an héich Stabilitéit. Mat enger Pergola kënnt Dir d’ganzt Joer iwwer stilvoll a komfortabel Stonnen dobausse verbréngen.
Varianten
- Lamellepergolaen: Mat verstellbare Lamellen fir Liicht a Schied ze reguléieren
- Pergolaen mat Stoffdaach: Mat engem waasserdichte Stoff- oder Segelduch
Eis Servicer
- Berodung a Mooss huelen bei Iech doheem
- Montagen a Clientsservice
- Reparaturservice