Marquisen
Marquisen si perfekt fir groussflächechen Sonneschutz a verwandelen Äer baussenzeg Beräicher an liewenswäert Wunnräim. Je no bautechnescher Situatioun reechen d’Offeren vum klassesche Gelénkarmmarquisen iwwer elegant Kassettemarquisen bis bei praktesch Senkrechtmarquisen. D’Materialer, den Design an d’Faarwen bestëmmen dobäi d’Ambiance vun Ärem „Wunnzëmmer am Fräien“. A souguer wann d’Sonn sech hannert den Wolleken verstoppt oder eng kléng Schauer rofkënnt, kënnt Dir Äer Zäit dobaussen weiderhin a vollen Zich genéissen.
Varianten
- Terrassenmarquisen: Vertikal iwwer der Terrass oder um Balcon montéiert.
- Fenstermarquisen: Vertikal viru Fënsteren oder als Säiteschutz installéiert.
- Säitemarquisen: Horizontal Marquisen déi op der Seit rausgezunn kënne ginn.
- Gelénkarmmarquisen: Klappaarm-Marquisen, déi de Stoff ausféieren a straff halen.
- Kassettemarquisen: De Marquisenstoff an d’Aarm ginn an eng schützend Kassett eragefuer.
- Hallefkassettemarquisen: De Stoff ass geschützt, d’Aarm leien fräi.
Bedreiwung
- Klassesch Handbedreiwung mat enger Kieb
- Elektrësch, mat Kabel a Fernsteierung
- Batteriebetriib mat Fernsteierung
Eis Servicer
- Berodung a Mooss huelen bei Iech doheem
- Montagen a Clientsservice
- Reparaturservice