Baussen-Rolloen
Och an de waarme Méint verbrénge vill Leit net déi ganz Zäit am Gaart oder op der Terrass. Emsou wichteg ass et, datt d’Schlofzëmmeren, d’Büroen an d’Wunnräim och am Summer agréabel temperéiert bleiwen. Eis baussenzeg Rolloen bidden Schutz géint Sonn, Hëtzt an och viru ongewollten Blécker. Aus héichwäertege Materialer hiergestallt a mat innovativer Technik ausgestatt, reduzéieren si d’Hëtzentwécklung a verbesseren d’Energieeffizienz. Si droen dat ganzt Joer iwwer zu enger angenehmer Raumtemperatur bäi.
Bedreiwung
- Klassesch Handbedreiwung mat enger Kieb
- Elektrësch, mat Kabel a Fernsteierung
- Batteriebetrib mat Fernsteierung
Eis Servicer
- Berodung a Mooss huelen bei Iech doheem
- Montagen a Clientsservice
- Reparaturservice