Vertikal-Jalousien
Manner ass méi! Dat ass d’Motto vun der Vertikal-Jalousie. Si ass funktionell a bitt maximalen Sonnen- a Hëtzteschutz. Dobäi bleift de Bléck no baussen erhale an d’Jalousie suergt fir eng agreabel Liichtstëmmung am Raum. Et gëtt se a verschiddene Materialer an ënnerschiddleche Faarwen, Musteren a Strukturen. Befestegt gëtt d’Vertikal-Jalousie um Plafong oder un der Mauer. An hirer Einfachheet léisst si sech bal mat all Aart vun Arichtung kombinéieren.
Ideal fir
- Rechteckeg Fënsteren
- Grouss Fënsteren a Fënsterfronten
- Erkerfënsteren
- Verandaen
Bedreiwung
- Klassesch Bedreiwung mat enger Ketten per Hand
- Elektrësch, verkabelt a mat Fernsteierung
- Batteriebetrib mat Fernsteierung
Eis Leeschtungen
- Berodung, Musteren a Mooss huele bei Iech doheem
- Montage a Clientsservice
- Reparatur-Service