Skip to main content

Einfach erop- an erofrullen. De Rollo ass de Klassiker beim Sonneschutz. Kloer Linnen, reduzéiert Design an einfach Bedreiwung maachen de Rollo esou beléift. Verschidde Faarwen, Musteren a Materialer maachen en esou upassungsfäeg, datt en an baal all Raum passt.


Ideal fir

  • Daachfënsteren, Standardfënsteren a Fënsterflächen

Bedreiwung

  • Klassesch Bedreiwung mat enger Ketten per Hand
  • Elektrësch, verkabelt a mat Fernsteierung
  • Batteriebetrib mat Fernsteierung

Eis Leeschtungen

  • Berodung a Mooss huele bei Iech doheem
  • Montage a Clientsservice
  • Botz- a Reparatur-Service