Skip to main content

Si verbannen Modernitéit a Stil op eng gekonnt Aart a Weis. Raffrolloen sinn déi innovativst Vertrieder vun textiler Fënstergestaltung. Héichwäerteg Stoffer ginn a mëll, horizontal Faalen geluecht. An si passen och do, wou eng laang Rido keng Plaz huet.

An eisem Bitzatelier ginn déi vun Iech ausgewielte Stoffer mat Handaarbecht op Mooss gebitzt. An wann et néideg ass, kënne Raffrolloen einfach rofgeholl an gebotzt ginn. Dat maachen mir och ganz gär fir Iech.

Ideal fir

  • Rechteckeg Fënsteren
  • Erkerfënsteren

Bedreiwung

  • Klassesch Bedreiwung mat enger Ketten per Hand
  • Batteriebetrib mat Fernsteierung

Eis Leeschtungen

  • Berodung a Mooss huele bei Iech doheem
  • Fabrikatioun an eisem Bitzatelier
  • Montage a Clientsservice
  • Botz- a Reparatur-Service