Sonnenschutz bannen
Liicht a Bléck no baussen maachen d’Liewensräim gemittlech. Awer wéi esou dacks am Liewen kënnt et op d’Doséierung un. Vun der Sonn am Wunnzëmmer verblend zeginn an ongewollt Ablécker an d’Schlofzëmmer wëlle wéineg vun eis. Mir hu passend Produiten fir Iech, déi Äer Privatsphär schützen, virun ze vill Sonn schützen an Äer Räim stilvoll gestalten. Dobäi schaffe mir mat dekorativen an héichwäertege Materialer. An d’Funktionalitéit kënnt dobäi net ze kuerz. Ob modern Daachfënsteren oder klassesch Fënsteren, héich Räim oder verwénkelt Ecker, mir fannen fir all Raumsituatioun déi ideal Léisung. A schaafen esou déi vun Iech gewënschten Atmosphär.