Verschidden Bitzarten
Hutt Dir schonn e schéine Stoff fir Är Ridoen ausgewielt? Dann hutt Dir Iech sécher scho Gedanke gemaach, wéi d‘ Rido oder de Store am Raum wierke soll. Déi erwënscht Atmosphär verstäerkt Dir am beschten mat der passender Bitzart. An do ginn et e puer Méiglechkeeten – vun der Öse iwwer de flämesche Pli bis zum Welleband. Jee no Stoff, Aart wéi et opgehangen gët, an Ärem perséinlechen Ariichtungsstil ass déi passend Bitzart dat Besonnescht fir Äer Ridoen a Storen. Wéi och ëmmer Dir Iech entscheet, mir fabrizéieren alles vun Hand an eisem hauseegenen Bitzatelier.
Ösen & Schlaufen
Flämesche Pli
Dëst ass eng speziell Aart vu Faalekonfektioun fir Ridoen. Si gët de Stoffer eng elegant a strukturéiert Optik. Dobäi ginn déif, gläichméisseg Plien laanscht den ieweschten Bord vun der Rido ageaarbecht. D’Plien falen a gläichméissegen, groussen Wellen a verleeën der Rido en voluminéist an edelt Ausgesinn. Ob et einfach, duebel oder dräifach gebitzten Faalen sinn, hänkt vum gewielte Stofft, Äerem Ariichtungsstil a Goût of.
Iwregens: Wat méi Plien, emsou méi Stofft. Eng Rido mat zwee oder dräi Plien huet ausserdem méi Volumen a fällt méi gläichméisseg.
„Wave“ – d’Welleband
D’Wave-Bitzart ass eng modern an elegant Aart vu Ridosgestaltung. D’Rido fällt a gläichméissegen, liicht geschwongene Wellen. D’Welleband passt exzellent zu engem minimalisteschen Ariichtungsstil, well et eng schlicht, elegant Ästhetik ausstrahlt.
Gëeegent ass dës Bitzart fir all Aarte vu Stoffer. Si kann souwuel fir transparent Storen wéi och fir bléckdicht Ridoen benotzt ginn. Allerdéngs brauch d’Welleband Plaz; eréischt ab enger Déift vu 20 cm kënne dës Ridoen montéiert ginn. D’Regelméissegkeet tëscht de „Wellen“ geléngt, well d’Glider vun de Ridoen duerch eng Schnouer matenee verbonnen sinn.
Ënnerkant oder Saam
An der Reegel ginn Ridoen ënnen mat engem Saam gebitzt. D’Héicht vum Saam orientéiert sech um agesate Stoff an dorun, wéi eng Wierkung d‘ Rido soll erzielen. Ofhängeg vun der Héicht vum Saam fält d’Rido anescht. Wat méi héich de Saam, emsou méi klassesch wierkt d’Rido. E schéine Fall entsteet och bei Ridoen, déi e Bläiband ugebitzt hunn.