Ridosstangen an -schinnen
Déi klassesch Léisungen fir d’Fënstergestaltung mussen och montéiert ginn. D’Offer geet vun ronnen, eckegen a quadratesche Ridosstangen bis zu modernen, minimalisteschen Schinnen. Och d’Materialer variéieren – d’Palette ëmfaasst Aluminium mattéiert oder verchromt, Edelstol, Messing an Eisen. Och bei den Faarwen hutt Dir d’Wiel. Entweder wielt Dir eng vun den villen Standardfaarwen oder entscheed Iech fir eng RAL-Faarf, déi komplett un Äer Dekoratioun an Ären Goût ugepasst ass. Et gëtt fir jiddereen den ideale Stil.
Ridosstangen – un der Mauer montéiert:
- Einfach Stangen: Klassesch, riicht Stangen mat verschiddenen Methoden se opzehänken.
- Duebel Stangen: Mat dësen kënnen zwou Ridoen opgehaangen ginn, z.B. eng transparent Rido an eng bléckdicht Rido.
- Teleskopstangen: Verstellbar Stangen, déi an der Längt ugepasst kënne ginn.
- Seelspaansystemer: Flexibel Seeler, déi liicht a modern wierken.
Ridosstangen – un de Plafong montéiert:
- Eeleefeg Schinnen: Ideal fir einfach Ridosléisungen.
- Duebelleefeg Schinnen: Fir zwou Ridoen opzehänken, z.B. eng Rido an een Store.
- Schinnensystemer mat Béiungen: Fir Ecker an Erkerfënsteren gëeegent, well si individuell ugepasst kënne ginn.