Skip to main content

Bléckdicht oder duerchsiichteg – op alle Fall gin et keng Faalen. Dës Aart vu Fënstergestaltung bréngt e modernen Touch an d’Wunn- an d’Aarbechtsräim. De Panneau japonais iwwerzeegt duerch groussflächlech Panneauen, déi sech no Wonsch säitlech verréckele loossen an hannereneen gestapelt kënne ginn. D’Stoffer dofir ginn et a verschiddene Faarwen a Musteren, awer och transparent an esouguer feierfest. Si gin entweder un der Plafong mat dezente Schinnen oder un d‘ Mauer mat dekorative Ridos-Stangen montéiert. Si bidden Privatsphär a si jee no Material fir d’Verdonkelung, eng besser Akustik oder thermesch Isolatioun gëeegent.

Ideal fir

  • Grouss Fënsteren a Fënsterfronten
  • Raumdeler

Eis Servicer

  • Berodung a Mooss huelen bei Iech doheem
  • Montage a Clientsservice
  • Wäsch- a Reparaturservice