Skip to main content

Si ginn als déi „Gemittlech“ ënnert de Buedembelëg ugesin. Awer dat ass vill ze kuerz gefaasst – well et ginn Teppecher fir all Ufuerderungen. D’Auswiel geet vun edlen, héichfloregen Wollteppecher fir den eleganten Wunnberäich bis hin zu haltbarem, waasserdichten Polypropylen-Teppecher fir stark benotzten Flächen. Egal ob Naturmaterialer oder Konschtfaser, modern oder klassesch Designer, dezent Téin oder faarweg Musteren. Am Beräich vun Textilbelëg ass bal alles méiglech. A natierlech bidden mir och schalldämmend, feierbeständeg, antiallergesch a wäschbar Fabrikater.

Ideal fir

  • Wunnzëmmer
  • Schlofzëmmer
  • Büroen
  • Open-Space-Räim

Materialien

  • Seid
  • Woll
  • Koteng
  • Sisal
  • Kokos
  • Nadelvlies
  • Microfaser
  • Polyester
  • Polypropylen
  • Nylon

Fir besonnesch Ufuerderungen

  • Flotex: Een eenzegaartegen a ganz leeschtungsstarken Textilbuedem. Duerch d’Kombinatioun vun enger beflockter Uewerfläch an engem robusten, waasserdichte Vinyl-Réck versprecht Flotex Haltbarkeet an Langliewegkeet.
  • Kugelgarn®: E ganz haltbare Buedem an enger optesch eenzegaarteger Struktur. Dës speziell Löschschicht gët de Kugelgarn-Buedemer eng héich Sécherheet am Brandfall.

Eis Servicer

  • Berodung an Mooss huelen
  • Buedem verleeën a Clienteservice
  • Reparaturservice