Skip to main content

De Buedembelag bestëmmt de Charakter vun engem Raum. Ob gemittlech, praktesch oder elegant – wat um Buedem läit, ass entscheedend fir d’Atmosphär an d’Ästhetik vum Raum. Mir hunn eng breet Palette vun de verschiddensten Buedembelëg – dat geet vun Teppecher iwwer Naturkautschuk bis zu modernem Designbelag. D’Materialer ginn et an den ënnerschiddlechsten Strukturen, Musteren an Faarwen. Et gi recycléiert, natierlech an synthetesch Materialer. Eis Offer geet vun strapazeierfähegem Buedembelag fir Büroen an ëffentlech Gebaier bis zu wunnlechem Textilbelag fir Äert Doheem.